1

Info zum aktuellen Thema wat an der Press an ob den sozialen Medien breet getrëppelt gëtt

“Thema vun den Déieren dobaussen an der äiseger Keelt.”

Ganz wichteg ass dat een d’Deier net ze vill däerf vermënschlechen! Nëmme well mir et als kaal empfannen muss Deier net onbedéngt fréieren. Heizou ass wichteg ze soen dat all Hausdéier op lo privat (Hond,Katz, asw) oder or landwirtschaftlech Notzdeier vu wëllen Deieren ofstaamt. Béischten wei Ranner, Päerd,Ieselen wei or déi meescht Hënn kréien iwwert d’Wanterméint méi een decke Pelz, een Wanterpelz. Dësen schützt Deier an de kalen Méint virun der Keelt sou wei mir eng Wanterjacket undinn. Dëst ass sou an den Genen vun den Deieren veranlaagt. Als Beispill: Et ass jo or keen deen ee Rei oder ee Wëllschwäin mat an d’Stuff hëlt.

Wichteg ass dat Notzdeieren een Wandschutz respektiv ee klengen Iwerstand zur Verfügung hun fir sech géint Wand a Reen ze schützen.

Déi modern Ställ vun Haut bei de Randbéischten beispillsweis machen naicht aneres wei géint Wand a Reen schützen an ginn or oft Aussenklimaställe genannt.

D’Nahrungsangebot kann an dësem Beispill bei den Ieselen d’Gras sinn wat op der Wiss gewuess ass, wann dees natierlech keent méi do ass,ass et dem Besëtzer seng Verflichtung dat Fudder zur Verfügung steet grad sou wei frëscht d’Waasser. Dëst muss or net permanent siichtbar sin oder a Massen zur Verfügung stoen mä kann or rationéiert gefiddert ginn.

Dest als kleng Info zu dem Thema et kéint een nämlech nach souvill méi heizou soen.

Wann an dësem Punkt oder or aneren Themaen nar Froen wieren dann zeckt net a “Fro de Bauer”