1

Apropos

Letzt Woch gung et am Apropos om RTL Radio em d‘ Liewensmettel an hiir Produktioun. Am folgenden eng Stellungnahm an nach eng Keier den Link zur Emmissioun.

Betrëfft: RTL-Bäitrag vun der Mme Sandra Mélan zur Image-Campagne „Landwirtschaft“

Madame, Monsieur,

Mir, vun der Aktioun „Fro-de-Bauer.lu“ huelen heimat Stellung zum Bäitrag vun der Madame Sandra Mélan aus der RTL-Emissioun Apropos.

Et besteet eiser Meenung no Klärungsbedarf, wat déi ugeschwaten Themen „Déierenhaltung“ an den „Asaz vu Pestiziden“ betreffen.

Beim Thema „Déierenhaltung“ hat een an deem Bäitrag d’Gefill, wéi wann et all den Notzdéiere géif schlecht goen a si quasi all ënner miserabele Konditioune gehale géife ginn.

Mir kënnen natierlech just fir äis schwätzen – respektiv fir d‘Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg – mir kënnen och net verhënneren, datt et hei zu Lëtzebuerg iergendwou ee schwaarzt Schof gëtt, wat sech net un déi geltend Regelen hält. Mir weisen an deem Zesummenhang drop hin, datt dëst d’Aarbecht vun de Kontrollinstanze, wéi z.B. enger Veterinärsinspektioun, … ass.

Mee mir liewen an der EU an hei ginn et Regelen a Gesetzer, déi d‘Déiere schützen. D‘Norme mussen agehale ginn an et gëtt Virschrëften, wéi vill Plaz, déi eenzel Notzdéieren zur Verfügung mussen hunn. D‘Medikamentebicher an d’Oueremarke mat dem dozougehéiernde Pass garantéieren d‘Réckverfolgbarkeet vun allem eenzelne Béischt (Schwäin, Schof, Geessen a Ranner). Dëst an d’Haltungs-bedéngunge gi regelméisseg duerch ugekënnegt oder spontan Visite vun deene verschiddenen zoustännegen Instanze kontrolléiert.

All Bauer huet Interêt drun, datt et senge Béischte gutt geet – well nëmme gesond Béischte produzéiere qualitativ heichwäerteg Liewensmëttel wéi Fleesch, Mëllech, asw., déi sech vermaarte loossen. Villméi misst een dem Bauer ee grousse Respekt ausschwätzen, deen sech trotz den Dumpingspräisser all Dag op en Neits mat deemselwechten Engagement ëm seng Déiere këmmert, ouni zevill doriwwer nozedenken, wéi hie muer seng eege Famill iwwert d‘Ronne bréngt.

Richteg ass dat or de Bauer eppes méi muss produzéieren fir um Enn dat selwecht ze hunn, dëst ass dem Wertverloscht vum Geld, an dem Fakt dat d’Liewensmëttel an deene leschten Joren ëmmer méi bëlleg ginn sinn ze verdanken.

Mir hunn äis et zur Aufgab gemaach, de Konsument mat Fakten opzeklären well mir eben net méi all Dag op en Neits wëllen als Massendéierenhalter, Déierequäler an Ëmweltverschmotzer dohigestallt ginn. De Konsument kann dono nach ëmmer säi Choix maachen an do kafen, wou hien et fir richteg fënnt.

Et ass or net richteg dem Konsument d’Schold eleng ze ginn. Natierlech kann hien duerch säi Kafverhalen, d’Demande no verschiddene Produite steieren an duerch regionaalt an or saisonaalt Akafen de Bauer aus der Géigend ënnerstëtzen. 1€ ass hei nämlech net ëmmer 1 €, geet et nämlech dreems d’Mëllech fir 1,20 € ze kafen, rennt ee mol gär séier mam decken Auto an een Discounter fir se fir 60 cts ze kafen. Bei deem neisten Handymodel oder Fernseh ass dat anescht, d’Haaptsaach up to date an voll Trendy. Op der anerer Säit vun der Medail ass et sou, esoulaang den Eenzelhandel esou staark ass, a probéiert sech géige säiteg mat ëmmer méi niddrege Präisser „vreckt“ ze maachen, profitéiert de Konsument vu bëllege Liewensmëttel an de landwirtschaftleche Beruff an eise Géigenden mat sengen héije Standarde, wéi een se soss néirens fënnt, zitt de Kierzeren.

A Punkto Pestiziden, Fungiziden asw. muss ee kloer stellen, datt déi net mat Eemeren iwwert d’Felder verdeelt ginn. Dës Produite kaschte vill Suen a ginn nom Prinzip: „Esouvill wéi néideg – esou mann, wéi méiglech“ agesat. Dës Produite garantéiere bei wiesselnde Wiederbedéngunge ganz Rekolten a leeschten och een enorme Bäitrag zur Liewensmëttelhygiène. Jo Dir hutt richteg héieren, Liewensmëttelhygiène fänkt schonn um Feld un. Oder héiert Dir hautdesdaags nach vu Stierffäll, déi beispillsweis duerch Mutterkorn verursaacht sinn?

Lauschtert deemno op de Bauer aus Ärer Géigend a bilt Iech Är eege Meenung!

http://radio.rtl.lu/emissiounen/apropos/963288.html