1

Fragen und Antworten

In nächster Zeit wollen wir an dieser Stelle einige der uns gestellten Fragen veröffentlichen und somit einem größeren Publikum unsere Antworten zugänglich machen

Anfangen wollen wir mit folgender Frage:

Meng Fro ass folgend : Op der eischter Werbefoto huet en Mann en Fierkel um Aarm an seet „Wann et den Deiren gudd geet, dann geet et mir gudd“.. Waat huet daat Fierkel dann alles gemeet kritt ? Schwanz oofgeschnidden, Hoden oofgesäbelt? Daat ass dach haut Standard-Programm, wann der bis iwwer 2000 Fierkelen zesummen gehaalen gin Spannend wier fir daat och mat Menschen ze maachen, genre „“Wann et den Deiren gudd geet, dann geet et mir gudd“, oder?
Zitat : „schon in den ersten Lebenstagen erwartet die Ferkel eine wahre Tortur: Impfen, Ohrmarken eintackern, Zähne abschleifen, Schwänze abschneiden, kastrieren. Selbst das schmerzhafte Abschneiden der Ringelschwänze und die Kastration der männlichen Ferkel geschieht meist ohne Betäubung – ganz legal bis zum Alter von zwei Wochen.“

Beweist mer wann ech gelifft dass hei bei eisen Betriiber daat net sou as, also sou schöne heile Welt wei dir daat duerstellt…

Unsere Antwort auf diese Frage:

Effektiv kann een sech als baussestehendem d‘ Fro stellen firwaat dei Behandlungen esou durchgefouert gien. Dohiir erklären ech eech dei eenzel Mossnahmen an Hoffen dat dat Eech vironhelleft.

Impfungen sen noutwendig fer eventuell Virausinfektiounen ze verhenneren, dat as also ogewannten Deiereschutz an ech mengen dat sollt net zur Debatt stoen. Ouermarken anzeihen as noutwendig zwecks Reckverfolgbarkeet vom Fleesch, dat gett esou vum Gesetzgeber gefuerdert an do hott den Bauer o nik vill Handlungspillraum, desweideren as dat ewei ee Lach fer een Ouerrank knipsen, an wann et richtig gemeet gett o nik weider stressig.

Zu den Zänn ofschleifen: Dest gett nik systematisch gemeet, mee just bei Fierkel dei durch zevill spetz Zänn Zitzen von der Sau verletzen, domadder gett also versicht d’Gesondheet von der Mam ze verbesseren an Entzündungenen ze verhenneren.

Elo zu dene mei kritischen Punkten: Kastreieren: Dest as nach wie vor eng Praxis dei durchgefouert gett, fer dat beim Schwengefleesch keen Ebergeruch optrett (Skatolgeroch). Den Ofsaatz fer onkastreiert Fierkel as extrem schwierig well den Handel dei nik well. Hei kann den Konsument ewer duch sengt Akoofsverhalten mathellefen. Et gin ewer Versich iwert eng chemisch Kastratioun des stressreich Prozeduren ze vermeiden. Ausserdem gett versicht den Ebergeruch erauszeziichten, do as ewer na bessen Forschung noutwendig. Wat hautdesdaag ewer well gemeet gett, as dat an emer mei Betriiber d’Fierkel bei der Kastratioun narkotiseiert gien, an dat gett ab 2019 obligatorisch. Seit 2008 as ewer o eng Schmerzmittelgabe bei der Kastratioun verpflichtent fer den Wei dono ofzeschwächen.
D‘ Schwänz oftrennen gett gemeet fer den Kannibalismus ze verhenneren. Schwein an enger Grupp hon Tendenz engt schwacht om Schwanz verletzten Schwein ze beknabberen an dodurch kennt et zu Entzündungen an vermehrten Doudesfäll bei den Maaschtschwein. Durch Beschäftigungsmaterial an mei Plaatz an den Boxen leisst sech dest Verhalten bessen besser kontrolleieren mee nik ganz vermeiden, o an Biobetriiber besteht desen Problem. D’Schwänz kupeieren as domadder ee Kompromiss an bei genauer Betrachtung o Tierschutz well et am nachhinein Verletzungen an Antibiotikaasatz vermeidet. O an desen Punkten get geforscht mee et as na kee optimalen Wee fonnt.

Wei der gesidd gien des Sachen gemeet fer dem Deier op laang Siicht ze hellefen an soumadder as den Slogan o nik falsch, ech verstinn ewer dat dat als aussenstehende Froen opwerfen kann. D’Ziel vom Bauer as et dem Deier esou ideal Bedingungen wei et him meiglich as während dem Liewen vom Deier ze bigden.